Fachkonferenz mam Geriater Dr Dondelinger
Den Dr René Dondelinger, e renomméierte Geriater an en Expert vun neurodegenerativen Erkrankungen huet de Mataarbechter vun der Maison de Soins Op Lamp Waasserbëlleg am Kader vun enger Fachkonferenz ganz vill nei Abléck an déi neist Erkenntisser iwwert d'Symptomer vun neurokognitive Stéierungen a vun der Parkinsonkrankheet ginn.
A sengem Virtrag ass den Dr Dondelinger och op den aktuelle Stand bei der Recherche iwwert nei Méiglechkeeten beim medikamentéisen Traitement bei dëse Krankheeten agaangen.