Op Lamp

  • fr
  • de

Hauptnavigation

  • Willkommen
  • Lebensumfeld
  • Dienstleistungen
  • Pflege und Betreuung
  • Soziales Umfeld
  • Nützliche Informationen
  • Kontakt
  • Neuigkeiten
  • Essen auf Rädern
  • A
  • A
  • A

Eechternoacher Quaichleken op Besuch an der Maison de Soins Waasserbëlleg

E Sonndeg, den 3. Mäerz waren d’Eechternoacher Quaichleken, dat sinn d’Scouten a Guiden aus der Abteistad, op Invitatioun vun der Amicale Op Lamp fir en Optrëtt am Fleegeheem Waasserbëlleg.

Mat engem faarwege Programm ënnert dem Motto „E ganz normale Schaffdag“ hu sie d’Bewunner a Bewunnerinne vum Fleegeheem gutt ënnerhalen. Och d’Familljemembere ware begeeschtert.
Ënnert anerem stounge Lidder wéi „Il est 5 heures, Paris s’éveille“, „Wann se mures fësche ginn“, „Babette vom Jumbo Jet“, „Das bischen Haushalt“, „Money, Money, Money“, „Hey Boss, ich brauch mehr Geld“, „L’accordéoniste“ oder „De groussen Hexemeeschter“ op dem Programm. All dëst Lidder hunn déi jonk an och déi e wéineg manner jonk Akteure mat vill Fantasie a mat ganz originelle Kostümer duergestallt.
Wéi bei ganz villen Optrëtter vun de Quaichleken huet dat al‘t Fueslidd am Iechternacher Dialekt, “Hämelmaous-Léid“, den Ofschloss vum Programm gemaach. D’“Hämelmaous-Léid“ handelt iwwregens net, wéi ee géif unhuelen, vun enger Maus, mee vun engem Insekt aus der Famill vun de Grillen.
Bei dëser Geleeënheet ass déi ganz Equipe vun de Quaichleken nach eng Kéier op d’Bün gaange fir de Nolauschterer, déi e groussen Applaus ginn hunn, merci ze soen.

Alle News
Op Lamp

Op Lamp

7, rue des Romains
L-6646 Wasserbillig
T. 74 99 74 1

  • Kontaktieren Sie uns
    per E-Mail
  • unsere Broschüre
  • unsere Preisliste
  • Anmeldeformular

Bienvenue sur Op Lamp

Sodexo

Navigation

  • Willkommen
  • Unsere Einrichtungen
  • Zuküntige Bewohner
  • FÜR UNTERNEHMEN UND BEHÖRDEN
  • Jobs
  • Rendez-vous 60+
  • Kontakt
  • Impressum
  • DATENSCHUTZERKLÄRUNG
  • Cookie-Richtlinie
  • Datenschutzrichtlinien
  • Globale Datenschutzrichtlinie
  • COOKIE-VERWALTUNG
Sodexo Luxembourg SA Sodexo Luxembourg SA 39, rue du Puits Romain - ZA Bourmicht L-8070 Bertrange Luxembourg
webdesign & development: h2a.lu